fr en lu
Foire de l’Étudiant

Dateschutzrichtlinnen

Fir d’lescht modifizéiert: 05/09/2025

Andeems Dir um Site studentefoire.lu navigéiert, gitt Dir dem MESR Äert Averständnis, Är perséinlech Donnéeën ze sammelen an ze traitéieren.

Mir si vun der Wichtegkeet vum Dateschutz iwwerzeegt. Aus dësem Grond konzipéieren a bidde mir eis Servicer ëmmer mat Récksiicht op de Schutz vun Ärer Privatsphär un. Dës Politik zum Schutz vun der Privatsphär lëscht all d’perséinlech Informatiounen, déi mir sammelen op, beschreift wéi mir se benotzen a wéi Är Donnéeën, sou wéi Är Rechter, geschützt ginn.

Wei eng Donnéeë sammele mir op eisem Site?

Wann Dir just en einfache Visiteur vun eisem Site sidd, sammelt de MESR keng perséinlech Donnéeën, ausser Dir benotzt Cookien.

EMPFÄNGER vun den Donnéeën

D’Donnéeën, déi um Site studentefoire.lu gesammelt ginn, si just fir de MESR geduecht.

Se kënnen un aner Gesellschaften – Subgesellschaften – un déi sech de MESR fir d’Ausübe vu gewëssene Servicer (z. B. Webhosting) went, iwwermëttelt ginn. 

De MESR fuerdert vun dëse Prestatairen, dass strikt Moossname fir d’Vertraulechkeet, an den Dateschutz ugewant ginn. Soubal den Traitement duerch ass, ginn d’Informatiounen duerch e Kontrakt geschützt, andeems déi Drëtt Parteien dozou verflicht ginn, d’Informatioune just den Instruktioune vum MESR an den Dispositioune vun dëser Vertraulechkeetserklärung no ze benotzen, an all d’Sécherheets- an d’Vertraulechkeetsmesuren unzewenden.

Wéi benotze mir är gesammelt Donnéeën

Duerch d’gesammelt Donnéeë kënne mir eis Produiten a Servicer bereetstellen, geréieren, schützen a verbesseren, neier developpéieren a souwuel eis Notzer wéi och eis selwer schützen. Déi Donnéeën erlaben eis och, Iech Matdeelungen ze schécken, vun deene mir mengen, dass se kéinten interessant fir Iech sinn. Dozou gehéieren Informatiounen iwwer Produiten, Servicer, Promotiounen an aner Nouvellen an Evenementer vum MESR, an dat eben an der Mesure, déi konform ass mat der lokaler Legislatioun.

Sozial Netzwierker

D’Benotze vu sozialen Netzwierker a Servicer vum MESR betreffend dës sozial Netzwierker, kann eventuell e Sammelen an Austausch vu gewëssenen Donnéeën tëscht de sozialen Netzwierker an dem MESR mat sech bréngen. Mir bieden Iech, d’perséinlech Dateschutzpolitik vun de sozialen Netzwierker ze consultéieren, fir gewuer ze ginn, wéi eng Informatiounen, déi vun de sozialen Netzwierker gesammelt ginn an a Verbindung mat dëse Sitten un de MESR weidergeleet kënne ginn, an och wéi dës Donnéeë schlussendlech gebraucht kënne ginn, z. B. fir Publicitéitszwecker. Dir kënnt op de sozialen Netzwierker den Zougang an d’Confidentialitéit vun Ären Donnéeën direkt parametréieren a kontrolléieren. De MESR ass net verantwortlech fir d’Benotze vun Ären Donnéeën duerch sozial Netzwierker.

Cookien

Fir d’Performance vun eisem Site ze verbesseren an Iech eng besser Navigatiouns-Experienz ze bidden, benotzt de Site Cookien.

Fir weider Informatiounen iwwert d’Donnéeën ze kréien, déi vun de Cookië gesammelt goufen, a fir Är Preferenzen ze parametréieren, gitt wgl. op eis Säit iwwert d’Cookiepolitik.

Sécherung vun den Informatiounen

De MESR hëlt all d’Sécherheetsmoossnamen, déi néideg sinn, fir sech géint den onerlaabten Zougang zu de gespäicherten Donnéeën an all Ännerungen, Verbreedung oder Zerstéierung vun dësen Donnéeën ze schützen. De MESR limitéiert den Zougang zu Äre perséinlechen Identifikatiounsinformatiounen op d’Employéeën, déi dës Informatioune brauchen, fir dass d’Servicer vun der Firma fonctionéieren, se ze entwéckelen oder ze verbesseren.

Zougangs-, Rektifikatiouns- an Oppositiounsrecht

De MESR stellt net a Fro, dass Dir d’Kontroll iwwert Är Donnéeë behaalt. Aus dësem Grond kënnt Dir zu all Moment Är Donnéeën, déi Dir eis kommunizéiert hutt, verbesseren, ergänzen oder läschen, andeems Dir Iech an Ärem perséinleche Kont aloggt.

Geméiss dem Gesetz vum 8. Dezember 1992 iwwert de Schutz vun der Privatsphär, betreffend den Traitement vun de perséinlechen Donnéeën, a geméiss dem EU-Reglement 2016/679 vun senger Applikatioun de 25. Mee 2018 un, hutt Dir d’Recht, Zougang op Är Donnéeën ze hunn, se ze ergänzen oder ze läschen, andeems Dir dem MESR op follgender E-Mail-Adress kontaktéiert: dataprotection@mesr.etat.lu. Dir gitt gefrot, Är Ufro ze ënnerschreiwen an eng gescannte Kopie vun Ärer Identitéitskaart bäizeleeën.

Fir all Informatiounen iwwert de Schutz vun de perséinlechen Daten, kënnt Dir och de Site vun der Nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) consultéieren: https://cnpd.public.lu/fr.html

Modifikatiounen

De MESR behält sech d’Recht vir, dës perséinlech Dateschutzpolitik ze adaptéieren. Mir roden Iech dowéinst, reegelméisseg déi lescht Versioun vun dësem Informatiounsdokument ze consultéieren.

Zeréck no uewen