Rechtlech Hiweiser
Editeur, hosting provider
Den Internetsite studentefoire.lu a säi Contenu sinn d’Proprietéit vum Ministère de la Recherche et de l’Enseignement supérieur du Luxembourg (MESR), mat Sëtz um 18–20, Montée de la Pétrusse L–2327 Lëtzebuerg.
D’Publikatioun gëtt geleet vum Här Tom Wenandy.
D’Konzept, den Design an d’Entwécklung vum Internetsite goufe vun der Kommunikatiounsagence binsfeld, 14, Place du Parc, L–2313 Lëtzebuerg gemaach.
Wann Dir als Benotzer eng Anomalie oder soss e Problem op dësem Site sollt feststellen, da went Iech wgl. u binsfeld: info@binsfeld.lu
Den Internetsite ass a Frankräich hebergéiert bei OVH, 2 Rue Kellermann BP 80157. 59100 Roubaix.
Andeems een de Site weider benotzt, akzeptéiert de Visiteur follgend Konditiounen.
De MESR behält sech doriwwer eraus och d’Méiglechkeet vir, d’Notzerkonditioune vun dësem Site all Moment ze änneren. An deem Sënn réit de MESR allen Notzer, reegelméisseg déi lescht Versioun vun de Notzerkonditioune vum Internetsite ze consultéieren.
Fir all Reklamatioun kann de Notzer den Editeur vum Internetsite op follgender Adress kontaktéieren: contact@mesr.public.lu
Benotze vum Internetsite
Den Notzer engagéiert sech, den Internetsite uerdnungsgeméiss ze benotzen, d’Rechter vum MESR net ze verletzen an hinnen net ze schueden.
Den Notzer engagéiert sech, der Firma hir Reputatioun net ze schiedegen, d’Firma net ze verleumden oder ze bedrängen, oder dem MESR, engem vun hire Clienten oder engem Drëtten ze droen a kee Gerät, Programm oder Software ze benotzen, deen dem Fonctionnement vum Internetsite kéint schueden.
Objet vum Internetsite
D’Zil vum Internetsite studentefoire.lu ass:
- d’Studentefoire ze presentéieren;
- d’Aussteller, dé op der Studentefoire sinn, ze presentéieren;
- dem Notzer vum Site ze erméiglechen, mam MERS a Kontakt ze trieden.
Intellektuellen Eegentum
Den Internetsite, grad wéi säi Contenu gehéieren dem MESR a gi vun him bedriwwen. D’Texter, d’Fotoen, d’Publikatiounen, d’Dokumenter fir erofzelueden oder all aner Kreatioun oder original Dokumenter, sinn duerch d’Urheberrecht op eng net limitativ Aart a Weis geschützt.
De MESR ass de Rechteinhaber vum intellektuellen Eegentum an ass berechtegt d’Reproduktioun oder d’Representatioun ze erlaben. All Reproduktioun, Representatioun, Iwwersetzung, Adaptatioun oder Citatioun, ob integral oder deelweis, vun den uewe genannten Elementer, ass strengstens verbueden, ausser et läit eng schrëftlech Erlabnes vum MESR vir, déi am Viraus ugefrot gouf.
Den Internetsite ass fir Äre perséinleche Gebrauch virgesinn mat engem net kommerziellen Zil. D’Benotze vum Inhalt vum Internetsite oder iergendengem Element vum Internetsite ausserhalb vun engem perséinlechen a private Gebrauch, erfuerdert am Viraus eng schrëftlech Erlabnes vum MESR.
Zougang zum Internetsite
De MESR beméit sech ëm d’Disponibilitéit vun dësem Internetsite. Allerdéngs kann de MESR net verantwortlech gemaach ginn, fir eng zäitweileg Indisponibilitéit vum Internetsite aus Maintenancegrënn, oder well Verbesserunge virgeholl ginn, oder aus technesche Grënn, déi net op d’Firma zeréckzeféiere sinn. De MESR behält sech d’Recht vir, engem Notzer den Zougang zum Internetsite zu all Moment an ouni Virumeldung ze verbidden.
Linken op aner Internetsitten
Den Internetsite ka Linken op extern Internetsitte benennen, déi Iech interesséiere kéinten.
De MESR kann net an d’Verantwortung gezu ginn, wann et ëm de Contenu vun enge vun dësen Drëttpartei-Internetsitten geet, op déi Dir Zougang krut via den Internetsite.
De MESR huet kee Kontrollmëttel iwwert de Contenu vun dësen Drëttpartei-Internet Sitten, déi onofhängeg vum MESR sinn.
Doriwwer eraus heescht d’Bestoe vun engem Link tëscht dem Internetsite an engem Drëttpartei-Internetsite kengesfalls, dass de MESR de Contenu vun dësem Site op iergendeng Aart a Weis approuvéiert oder d’Notze guttheescht.
Kontakt
Dir kënnt eis fir all weider Informatiounen iwwer E-Mail op contact@mesr.public.lu kontaktéieren oder op follgender Telefonsnummer: (+352) 247-86619
Gëltend Recht
All Litigen a Relatioun mam Internetsite, senger Consultatioun oder d’Benotzen dovun duerch de Visiteur ënnerleien der Lëtzebuerger Gesetzgebung an der Kompetenz vun de Lëtzebuerger Geriichter.