Luxembourg – Kirchberg
OKTOBER
9–18 Auer 30.
OKTOBER
9–16 Auer
Uni,
Héichschoul,
Studenteliewen,
Volontariat, Beruffer...
Komm an
informéier dech!
Mir hunn d’Äntwerten.
D’Studentefoire ass de Rendez-vous vum Hierscht, deen een net verpasse soll! Wärend 2 Deeg hues du d’Geleeënheet, dech bei iwwer 180 Aussteller aus der ganzer Welt ze informéieren. Du kanns Vertrieder vun Héichschoulen, Associatiounen a Studentevereenegunge kenneléieren an eng Villfalt u Studierichtungen a Bildungsweeër entdecken.
Donieft hues du och d’Méiglechkeet, mat Acteuren aus verschiddene Beruffssecteuren an Administratiounen ze schwätzen. Gläichzäiteg kanns du dech iwwer vill Méiglechkeeten am Beräich Engagement a Benevolat informéieren.
All dës Uspriechpartner kënnen dech bei der Wiel vun dengem Studium beroden an dir wäertvoll Ablécker an d’Studenteliewen zu Lëtzebuerg an am Ausland ginn.
Entdeck d’Studentefoire an dengem eegene Rhythmus an der Coque, ganz no dengen Interessen. Egal ob s du no enger Schoul, engem Beruff oder engem Gespréich mat Studentevereenegunge sichs, dëse Plang hëlleft dir, de richtege Wee ze fannen.
Iwwer 180 Aussteller sinn op der Studentefoire vertrueden a verdeelen sech ronderëm d’Arena an der Coque. Hei kriss du en Iwwerbléck iwwer déi verschidde Beräicher, fir séier déi Héichschoulen, Associatiounen, Studentevereenegungen, Beruffer a Méiglechkeeten ze entdecken, déi fir dech interessant sinn.
- 1 Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
- 2 Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois – ACEL
- 4 Anefore
- 7 ESSCA Luxembourg
- 6 Institut national des langues Luxembourg
- 5 LUNEX Higher education in Health and Sport
- 9 Luxembourg School of Business
- 3 Maison de l'orientation
- 8 Union Nationale des étudiant-e-s du Luxembourg – UNEL
12 BTS - artisanat
13 BTS – arts appliqués
10 BTS – commerce
14 BTS – industrie
11 BTS – services
Université du Luxembourg
- 28 Biology / Medicine
- 19 Business Administration
- 15 Comptabilité et Fiscalité
- 23 Computer Science / Engineering
- 18 Cultures Européennes / Dessin d'Animation
- 21 Droit
- 25 Maths / Physics
- 26 Nursing / Midwifery / Radiology
- 22 Psychology
- 24 Sciences de l'Éducation / Éducation Musicale / Formation Pédagogique
- 17 Sciences Économiques
- 20 Sciences Sociales et Éducatives
- 16 Uni.lu Student Delegation
Belsch
- 40 Cercle des Étudiants Luxembourgeois à Bruxelles
- 44 Cercle des Étudiants Luxembourgeois à Bastogne
- 35 École Royale Militaire Bruxelles
- 36 École Supérieure des Arts Saint-Luc de Liège
- 42 Grand-Ducale à Louvain-la-Neuve
- 37 Haute École Charlemagne
- 30 Haute École de Namur-Liège-Luxembourg
- 31 Haute École Libre Mosane
- 45 Haute École Robert Schuman
- 38 Lëtzebuerger Studenten zu Namur
- 32 Lëtzebuerger Studenten zu Léck
- 34 Service d'Information sur les Études et les Professions – SIEP
- 43 Université catholique de Louvain
- 33 Université de Liège
- 39 Université de Namur
- 41 Université Libre de Bruxelles
Frankräich
- 63 Ambassade de France | Institut français du Luxembourg
- 65 Association des Étudiants Luxembourgeois à Aix-en-Provence
- 57 Association des Étudiants Luxembourgeois à Paris a.s.b.l.
- 58 Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg
- 67 Cercle des Étudiants Luxembourgeois à Montpellier
- 51 CESI – École d'Ingénieurs
- 66 DFHI – ISFATES
- 60 EM Strasbourg – Business School
- 53 EPF – Engineering School
- 55 ESME – Ingénieurs généralistes
- 52 Étudiants Luxembourgeois à Nancy
- 56 Faculté de Droit / ESPOL Sc Po – Université Catholique de Lille
- 59 Fondation Biermans-Lapôtre
- 62 IPAG Business School
- 54 Liaison Interuniversitaire à Lille des Luxembourgeois en Escale
- 64 SciencesPo
- 50 Université de Lorraine
- 61 Université Panthéon-Assas
Däitschland
- 74 Akademischer Verein d'Lëtzebuerger
- 75 Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe
- 80 DAAD – Deutscher Akademischer Austauschdienst
- 95 DFHI – ISFATES
- 96 Frankfurt University of Applied Sciences
- 77 Hochschule Karlsruhe
- 87 Hochschule Trier
- 72 Lëtzebuerger Studenteclub Cölln
- 73 Lëtzebuerger Studenten zu Bingen
- 88 Lëtzebuerger Studenten zu Bonn
- 86 Lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf
- 91 Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg
- 84 Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern
- 81 Lëtzebuerger Studenten zu München
- 90 Lëtzebuerger Studenten zu Tréier
- 79 Lëtzebuerger Studenten zu Würzburg
- 83 Ludwig-Maximilians-Universität München
- 92 Media University of Applied Sciences
- 82 Rheinland-Pfälzische Technische Universität Kaiserslautern-Landau
- 76 RWTH Aachen University
- 93 Studente vu Lëtzebuerg op der Uni Freiburg
- 71 Technische Hochschule Bingen
- 85 Technische Universität München
- 97 Universität des Saarlandes – Zentrale Studienberatung
- 89 Universität Trier
- 78 Universität zu Köln
- 70 Verein der Luxemburger Studenten in Berlin
Schwäiz
- 103 Association des Étudiants Luxembourgeois à Lausanne
- 100 Glion Institute of Higher Education
- 100 Les Roches Global Hospitality Education
- 104 Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg
- 105 Lëtzebuerger Studenten Zürech
- 102 Université de Fribourg | Universität Freiburg
- 101 University of St.Gallen
Éisträich
Holland
Irland
Portugal
Spuenien
Kanada
Lettland
Japan
UK
Australien/Neiséiland
- 137 Study Options
- 144 ADRenalin
- 145 Coconut Luxembourg
- 146 CSJ - Déi Jonk an der CSV
- 140 de Jugendrot / CGJL
- 147 déi jonk Gréng
- 149 Jonk Demokraten
- 139 JSL - Jonk Sozialisten
- 142 Life ASBL
- 141 Service national de la jeunesse - SNJ
- 143 youngcaritas
Politik, Recht & Sozialwëssenschaften
- 168 Association Luxembourgeoise des Étudiants en Psychologie
- 170 Association Luxembourgeoise des Étudiant·es en Sciences Politiques et Sociétales
- 172 Association luxembourgeoise des journalistes professionnels
- 169 Association Nationale des Étudiants Luxembourgeois en Droit
- 171 Conférence du Jeune Barreau de Luxembourg
Gesondheet
- 174 Association Nationale des Assistant(e)s Sociales(aux), des Assistant(e)s d'Hygiène Sociales(aux) et des Infirmièr(e)s gradué(e)s du Grand-Duché de Luxembourg
- 176 Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médecine
- 173 Association Luxembourgeoise des Orthophonistes
- 175 Association Luxembourgeoise des Pédagogues Curatifs
- 178 Association Luxembourgeoise des Psychomotriciens Diplômés
- 180 Association Nationale des Laborantins Diplômés
- 177 Healthcareers.lu / Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale
- 182 Nursing Student Association Luxembourg
Wëssenschaften & Ingenieurswiesen
Transport & Logistik
- 181 CFL
- 183 Young Pilots Luxembourg
Administratioun & Déngschtleeschtungen
Konscht & Kultur
Educatioun & Sport
Wirtschaft / Finanzen & Industrie
Mir recommandéieren, mam Tram (Arrêt „Coque“) oder mam Bus ze kommen (Fuerplang op mobiliteit.lu iwwerpréiwen). Et ass och méiglech, mam Auto ze kommen, mee d’Parkplaze ronderëm si limitéiert a bezuelpflichtëg.
Nee, den Entrée vun der Studentefoire ass komplett gratis.
Natierlech! D’Studentefoire ass fir jiddereen op. Si fënnt statt:
Donneschdes, den 29. Oktober 2026, vun 9.00 bis 18.00 Auer
Freides, den 30. Oktober 2026, vun 9.00 bis 16.00 Auer
Jo. All d’Universitéiten a Schoulen, déi deelhuelen, sinn offiziell vum Lëtzebuerger Staat unerkannt a bidden akkreditéiert Studiegäng un. Dëst garantéiert e gewësse Qualitéitsniveau an erméiglecht dir, finanziell Ënnerstëtzung fir däi Studium ze kréien!
Net manner wéi 17 Länner si vertrueden: Lëtzebuerg, Australien/Neiséiland, d’Belsch, Däitschland, Éisträich, Frankräich, Holland, Irland, Japan, Kanada, Lettland, Portugal, Spuenien, d’Schwäiz, UK an d’USA.
Jo! Foodtrucke sinn op der Studentefoire dobäi, fir dech ze verwinnen. Wou se stinn, gesäis du um Plang vun der Foire.